D'Krautgaart Ekipp

All Woch versuergen mir 145 Stéit mat Geméis aus eise Gäert. Fir dës Erausfuerderung ze meeschteren ass eng ganz Equipe virun an hannert de Kulissen aktiv.

De Krautgaart ass eng SENC, also eng Société en nom collectif. D'Krautgaart Partner stinn ënnert dem Numm vum Krautgaart als Independanten ënnert engem Dag. Jiddereen huet en Deel vum Betrib an huet domat eng wesentlech Motivatioun zum Succès vum Krautgaart bäizedroen. 

Di dräi Grëndungspartner

No enger Testphase 2015 hunn de Max an de Jean-Marc de Betrib 2016 gegrënnt. De Claude ass kuerz duerno dobäi komm. Mir sinn di dräi Grëndungspartner vum Krautgaart. Mat eisen komplementären Interessen an Fähegkeeten gesi mer eis als staarken Trio.

Jean-Marc_Parries.jpg

Jean-Marc Parries

MSc. Environmental Sciences

Betribsféierung, Marketing an Backoffice, Entwécklung vun Infrastruktur. Zoustänneg fir d'Henger am Gaart.

Contact me for:

- Krautgaart CSA / Geméiskuerf

- Farm start-up consulting

- Internship @ Krautgaart

size_l.png
Max_Epstein.jpg

Epstein Max

MSc. Botany

Eisen Planzenexpert an Kapp vun der Geméisproduktioun.  Kulturplanung, Jongplanzenvirzuucht, Koordinatioun vun der Gaardenekipp.

Contact me for:

- Vegetable orders

- No-Dig consulting

size_l.png
Claude_Petit.jpg

Petit Claude

MSc. Agronomy

Agronom an Solawi-Expert. Haaptmann am Gaart, Krautgaart Schoulklassenprogramm an Kommunikatioun.

Contact me for:

- Garden visits

- CSA consulting

size_l.png

D'Krautgaart Ekipp 

D'Ekipp di de Krautgaart ausmëscht ass esou divers wéi eisen Geméisubau. 

IMG_1736.jpeg

Rita Rommerskirschen

Admin an Gärtnerin

D'Rita mëscht d'Administratioun an ass di éischt Kontaktpersoun zu eise Memberen. Hat schafft außerdem als léirend Gärtnerin am Gaart. 

Kontakt

KG_Kayl.jpg

Viviane an Rol Petit

Verdeelung Kayl an Hëllef am Gaart

Si schmäissen d'Verdeelung zu Kayl mat grousser Freed. De Roll hëlleft Freides en plus bei der Rekolt an suergt dofir, dass d'Kaffispaus um 10 Auer agehale gëtt.

ech.jpg

Anne Lommel

Fotografin an Rezepter

D'Anne ass eis Fotografin an ass presentéiert regelméißeg Rezepter mat saionalem Geméis aus eisem Gaart. 

Website & Contact

IMG_2185_edited.jpg

Jakob Söderberg

Handwierker, Daniel Düsentrieb

De Jakob ass eisen ingenéisen Handwierker. Hien plangt, baut a fléckt an ass passionéiert wann et drëms geet al Materialien erem ze benotzen.

Delphine Grandjean

Apprentissage Adulte LTA

D'Delphine mëscht seng Ausbildung zur Gärtnerin bei eis. 

JMP-8730.jpg

Yoshi

Eise Wuerchthond

De Yoshi ass ëmmer alert fir de Besicher drop hinzeweisen sech gutt ze behuelen. Hien ass och e bësse geckeg.

 Krautgaart Alumnus

Leit di bei eis geléiert hunn. 

JMP-9499.jpg

Antoine Debray

2020

Den  huet während engem Joer eng intensiv Ausbildung bei eis gemeet, mam Zil säin eegenen Geméisbauprojet ze grënnen. 

DSCF4676.jpg

Guillaume Hain

2018 - 2020

De Guillaume huet während zwee Joer emol d'Woch fräiwëlleg matgeschafft, fir anschließend säin eegene Projet an der Bretagne unzefänken. 

JMP-9801.jpg

Annick Pütz

Azubi 2019 - 2020

D'Annick huet dat drëtt Joer vu seng Ausbildung zur Geméisgärtnerin am Krautgaart gemeet. Di éischt zwee Joer war hat zu Ansebuerg am Schlassgaart.