DSCF1291-2.jpg

De Krautgaart

De Krautgaart ass e solidareschen Geméisbaubetrib deen säit 2015  an der Gemeng Käerch an Stengefort etabléiert ass. Hannen drun stinn di dräi Betribspartner Claude Petit, Jean-Marc Parries an Max Epstein. Zesummen bauen si eng erstaunlech Villfalt u saisonalem Geméis un. Iwwert de Krautgaart Geméiskuerf versuergen si all Woch 130 Stéit mat Geméis aus hieren Gäert. Hier Memberen sinn begeeschtert vun der Frëscht, dem Goût an der Villfalt vun Geméisvarietéiten déi iwwert d'Joer gebueden gëtt. 

Di dräi Gäertner setzen op en konsequent nohaltegen Ubau fir Mënsch an Natur. Si verzichten op Pestiziden an chemesch-synthetesch Düngemëttel, si benotzen somefest Geseems an si zillen hier Jongplanzen selwer. Gläichzäiteg bedreiwe si en Ubau bei dem dem Buedem net gestéiert gëtt an seng Fauna sech voll entwéckelen kann. Als Resultat kënnen si hiren Memberen eng eenzegaarteg Geméisqualitéit liwweren.

Krautgaart Timeline

Wéi mer 2015 ugefaangen hunn mat der Iddi e klengen Gemeinschafts-Geméisgaart op d'Been ze setzen konnte mer net wëssen, dass just e puer Joer mi spéit en etabléierten an innovativen Betrib doraus géif entstoen. 

Deemnächst fannt der hei d'Entwécklung vun eisem Betrib 'vum Ufank bis haut'. 



  • Facebook
  • Instagram

©2020 by Krautgaart