Eis Ubaumethoden

"De Buedem ass eist gréissten Kapital"

Mat eisen Hannergrënn an Ëmweltwëssenschaftlen (M.Sc. Jean-Marc P.), Botanik (M.Sc. Max E.) an Agronomie (M.Sc. Claude P.) ass et eis en Uleies ze weisen, dass en effizienten Geméis-Ubau an d'Erhalung oder souguer d'Regeneratioun vum Land keen Widdersproch sinn. Mir sinn och iwwerzeegt, dass schmackhaft an gesond Geméis just aus engem natierlechen Ubau kann ervir goen. Ekologeschen Geméisbau ass also och Gemschacksaach.

 

Eis Ubaumethoden sinn inspiréiert vun groussen Gäertner wéi dem Charles Dowding an dem Eliot Coleman. Zousätzlech kënnt eist Wëssen aus Bicher, Fortbildungen an virun allem aus der Erfarung déi mir säit eisem Ufank 2015 schonn gesammelt hunn.


Et geet ëmmer drëm de Buedem als wäertvoll Kapital ze schätzen an ze fleegen. E gesonden Buedem ass d'Viraussetzung fir staark Planzen a schmackhaft Geméis mat engem gudden Nährwert. Vir d'Liewen am Buedem ze fërderen verzichten mir dofir op Buedembeaarbechtung. Dësen Ubau gëtt am engleschen och als 'no dig' bezeechent. Dës Technik ass och interessant fir den privaten Gäertner an mir kënnen dem Charles Dowding seng Bicher an Fortbildungen heifir nëmmen recommandéieren!

Weider Prinzipien no deene mir schaffen:

  • Mir verzichten ganz op Pestiziden an chemesch-synthetesch Düngemëttel.

  • Mir benotzen biologescht an somefest Geseems.

  • Mir fërderen d'Strukturvillfalt, an domat den Liewensraum fir Gedéiesch an eisen Gäert. Dës Villfalt hëlleft eis Schädlingen an Schach ze halen.

  • Mir kompostéieren alles organescht Material wat ufält an bréngen zeréck an den Gaart.