Artemisia annua, op däitsch, den einjähriger Beifuß, ass eng vun de villen Aarten aus der Gattung Artemisia. Dës Planzen hunn heefeg vill ätheresch Ueleger, déi hieren Asaatz als Gewürz, Réicher- oder Téiplanzen erklären. An déier Gattung fënnt een och den Estragon, de Wermut an eng Planz déi een laancht d'Weeër fënnt, den Alzem, op däitsch, de gewöhnlicher Beifuß (Artemisia vulgare).
Den Artemisia annua ass eng Planz vun déier a leschter Zäit méi geschwat gëtt. Schonn de staark ätheresche Geroch mat enger Nout vun Eukalyptus léisst op e medizineschen Asaatz schléissen. Opgegoss, schmaacht se als Téi ganz eenlech. Mat engem Läffel Hunneg kann ee seng batter Nout gutt iwwerdecken an den Téi passt soumat an déi kal Hierscht- a Wanterzäit an huet eng ausgläichend Wirkung.
Planzen hänken an eiser Scheier fir lues ze drëschenen
Déi potentiell medizinesch Wirkung vun der Planz gëtt an enger Reih Etuden analyséiert. An der traditioneller chinesescher Medizin ass se bekannt ënnert dem Numm Qing Hao a gëtt zënter ganz laangem géint eng Villzuel vu Krankheeten, virun allem viral Infekter mat Féiwer agesat. Hiere Wirkstoff den Artesiminin gëtt an extrahéierter Form an der Malariapräventioun gebraucht. Ma och en Téi vun der Planz gëtt a Malariagebidder zu dësem Zweck, wéi och zum Traitement gedronk. Den Interessi un der Planz ass dunn säit dem Ausbroch vun der Covid-19 Pandemie geklommen. Etuden ënnersichen d'Wirksamkeet am Traitement vu Covid-19 Patienten. Eng intressant Ressource fir Informatiounen zur Planz an hierem Asaatz bitt d'Associatioun La Maison de l'Artemisia.
Artemisia annua (einjähriger Beifuß) zum Moment vu senger Rekolt am Gaart zu Käerch
Comentarios