top of page
DSCF4606.jpg

De Krautgaart Blog

Hei fënns du Rezepter, Tipps an Artikelen ronderem de Gaart an d'Geméis.

  • jmparries

Dës Woch am Geméiskuerf - N°8 2021

No grousser Nofro gëtt et dëst Joer en Ausbléck op de kommende Geméiskuerf. Dëse fënns du ab Donneschdes an eisem Blog an der Kategorie "Geméiskuerf".


Doniewent proposéiere mir iech zesumme mam Anne Lommel, regelméisseg kreativ Rezepter passend zur Saison. Kuckt dofir an d'Kategorie "Rezepter".


4 Juni - Geméiskuerf N°8

  • Pléckzalot / salade cueillie

  • e Kapp Zalot / laitue

  • Péterséileg / Persil

  • Fenchel / Fenouil

  • Majoran / Marjolaine*

  • Estragon

  • Grompere vum Biohaff Fischbach Reiff / pommes de terre de Biohaff Fischbach Reiff

*D'Blieder vum Majoran ginn a vill mediterrane Platen benotzt, mat Lënsen oder Bounen huet en séier eng interessant Basis fir z.B. Zoppen. Et kann een se och gutt fir Platen mat Gromperen, Wëld oder Gefligel notzen.


Haut de Moien virun der Recolte am Gaart: Dëll (lénks), Fenchel (riets)


Mir hunn dëst Woch eng néi Editioun vum Krautblat mat an de Kuerf gemaach, fir Iech z'erkläeren, fir wat manner am Kuerf ass, wéi gewinnt. Dir fannt se och hei am Blog.


Nous avons ajouté une nouvelle édition du Krautblat au panier cette semaine pour expliquer pourquoi il y en a moins dans le panier. Vous pouvez également le trouver ici sur le blog.


Mir hoffen dir iwwert dësen Ausbléck eng Iddi vum Geméis ze gi wats du Freides kriss, soudass du deng aner Akeef besser kanns organiséieren. Mir kënnen net ausschléissen, dass et Ofwäichungen zu dësem Ausbléck ginn.


Nous espérons vous donner une idée des légumes que vous recevrez les vendredis. Pour que vous puissiez mieux organiser vos autres achats. Nous ne pouvons pas exclure qu'il y ait des divergences à court terme.


Vill Freed mam Geméis,

Deng Ekipp vum Krautgaart



Commentaires


bottom of page