top of page
DSCF4606.jpg

De Krautgaart Blog

Hei fënns du Rezepter, Tipps an Artikelen ronderem de Gaart an d'Geméis.

  • jmparries

Geméis richteg lageren

Frëscht Geméis aus ekologeschem Ubau ass räich u Vitaminnen a Mineralien. Fir déi wäertvoll Vitaminnen an de Geschmaach méiglechst laang ze erhalen ass déi richteg Lagerung wichteg. Verschiddent Geméis soll an de Frigo, anert Geméis huet dat net gär.

Geméis fir an de Frigo. Ideal ass e Frigo mat engem Geméis-Fach. Am Geméis-Fach ass et net esou kal an och méi fiicht wéi am rächt vum Frigo. An de Frigo sollen Kabes, Chou-Fleur, Kohlrabi, Brokkoli, Wuerzelgeméis (Muerten, Rommelen, Naveten, Réidecher, Zellerie), Bounen an Ihrzen, Spinat, Zalot, Mangold, Kräider a Spargelen.

Alles wat Blat-Geméis ass bleift méi laang frësch wann et an e fiicht Duch oder eng stofften Täsch (z.B. Naturtaschen) agepak ass. Wann een keen Geméis-Fach huet hëlleft et och dat anert Geméis fiicht anzeschloen.


Mat oder ouni Gréngs lageren? D'Geméis bleift méi laang frësch ouni Blieder. D'Blieder verdonsten Waasser an entzéien der Wuerzel Reserven. D'Blieder vu villem Geméis kënnen och an der Kichen verschafft ginn, an mussen net onbedéngt op de Kompost.


Am frësche Keller oder an der Kichen. Verschiddent Geméis gëtt besser an engem frëschen Keller (+-15°C) gelagert. Wa keen Keller do ass kann dëst Geméis och einfach an der Kichen oder der Spënnchen gelagert ginn: Gromperen*, Ennen, Knuewelek, Tomaten, Courgetten a Cornichongen. *Wann d'Gromperen méi wéi eng Woch gelagert solle ginn, dann ass et wichteg dass se däischter leien.

Comments


bottom of page