No grousser Nofro implementéieren mer dëst Joer e wëchentlechen Ausbléck op de kommende Geméiskuerf. Dëse fënns du ab Donneschdes an eisem Blog an der Kategorie "Geméiskuerf".
Geméiskuerf N°1
Dëst Joer si mer mi fréi un ewéi soss. Et gëtt
jonk Muerten (déi fréist bis elo, d'lescht Joer am Oktober am Tunnel geséint)
knackege Spinat
Réidercher
Fréijoersënnen
jonke Knuewelek
Gromperen vum Biohaff Fischbach Reiff
Rezept vun dëser Woch
Zesummen mam Anne Lommel brengen mir regelméißeg Rezepter eraus fir dat saisonalt Geméis ze vreschaffen. Dëst fannt der och am Blog ënnert "Rezepter".
Comments