Domaine64 - mir stellen eis Produzenten hannert de gudde Produiten an eisem Krautgaart-Buttek vir.
Mäi Wéngert. Mäi Wäin. - Dëst war de Prinzip fir d'Grënnung vum Domaine 64 am Joer 2021. No der eischter Iddi vun engem Wéngert war dem Grënner Tunn Goedert séier kloer, wéi eng Art vu Wäibau hien gären wéilt bedréiwen: sozialen an nohaltege Wäibau. Doraus ass eng Zesummenaarbecht mat der Hëllefsorganisatioun CARITAS Lëtzebuerg entstaanen, déi bei der Realiséierung vum Projet mathëlleft.
Mäi Wéngert. Mäi Wäin." ass och symbolesch fir en aneren sozialen Deel vum Projet ze verstoen: Domaine64 funktionéiert - wéi de Krautgaart och - no dem Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft: Memberen engagéieren sech am Virfeld fir eng Saison eng Parzell (64 Stéck, do kënnt och de Numm hier) ze pachten a profitéieren dann em Enn vun der Saison vun hirem Undeel un der Récolte a Form vu Wäiner, Crémant, Jus a Balsamico.
Regionalitéit an Nohaltegkeet bedéit fir de Grënner Tunn a seng Partnerin Michaela Mai (Marketing & Verkaf), op de ronn 2 Hectar Wéngerten am Raum Schengen innovativ ze bewirtschaften, mam Zil BIO Wäiner ze produzéieren, déi Spaass machen.
E wichtegen Deel vun hirer Approche vum Wäibau ass dofir och en Déier, dat et bei eis eischter net (méi) wirklech an de Wéngerte gesäit: Schof. An de Wéngerten vu Domaine64 kommen bretonesch Zwergschof fir d´Beweedung an den Asaz, an halen doduerch d'Vegetatioun ënnert den Drauwestäck kleng. Des klengste Schofsrass vun Europa ass ideal fir den Asaz an de Wéngerten, wëll se weder un d’Gehëlz nach un d’Drauwe friesse ginn. Sie ginn iwwer d'Joer ëmmer rëm a kuerzen Intervallen an d’ Wéngerten gelooss. Duerch den Asaz vun de Schof kann och d’CO2 Bilanz am Bio Wäibau méi kleng gehale ginn.
Dëse Pilotprojet mat den bretonesch Zwergschof gëtt ënnerstëtzt vun der ANF (Administration de la nature et des forêts) an der Biologescher Station SIAS (Syndicat intercommunal à vocation multiple).
Mir si frou, dass de Prinzip vun der SOLAWI mat Domaine64 och am Beräich vun de Winzer ukomm ass a natierlech, dat mir hir gutt Produiten an eisem Buttek kënne verkaafen. Déi Produiten, déi mir am Krautgaart kënnen vun Domaine64 verkaafen, sinn entweder vun Undeeler, déi keng Pacht hunn oder duerch Iwwerproduktioun.
Comments