top of page

Krautgaart Onlineshop

Jongplanzen a méi op Bestellung

Schofwollpellets 2kg

Schofwollpellets 2kg

21,00€Price

Déi jonk Entreprise "Den Gëllenen Tratt“ bitt iech ganz natierlechen Dünger aus Schofswoll un. Hier Pellets sinn aus dem Gedanke enstan fir den Lëtzebuerger Schof an der Lëtzebuerger Woll nees een Notzen an eng sënnvoll Bestëmmung ze ginn. Si kafen d‘Woll bäi regionale Schofziichter of a pressen se ouni Zousätz vun Chemie oder Pestiziden zu dësen kompakten an gutt doséierbaren Pellets.

 

Si proposéieren fir d’Düngung folgend Doséierungen pro Saison:

- (70g/m2 fir Schwaachzehrer/Nodüngung 40g,

- mëttelstaark Zehrer 100g/m2, Nodüngung 60g

- 150g/m2 bai Stäerkzehrer/Nodüngung 100g)

 

D’Inhaltsstoffer vum Pellet sin 11% Stéckstoff, 8% Kalium, 3% Schwiefel an 0,5% Phosphor an engem Rescht vun 77,5 % organëscher Substanz.

(Dës Werter kënnen awer liicht variéiren)

Quantity

    "Eis Passioun ass et, déi lokal Gemeinschaft mat beschtem Geméis ze versuergen a virbildlech aner Initiativen zum Keimen ze inspiréieren."

    Du bass interesséiert u solidarescher Landwirtschaft, lokalem Geméis, a nohaltegem Geméisbau? Iwwert eisen Newsletter bleifs du um Courant!

    Mir freeën eis iwwer deng Aschreiwung beim Krautgaart Newsletter!

    • Instagram
    • Facebook

    ©2024 by Krautgaart
    Impressum

    bottom of page