Schofwollpellets 1kg
Déi jonk Entreprise "Den Gëllenen Tratt“ bitt iech ganz natierlechen Dünger aus Schofswoll un. Hier Pellets sinn aus dem Gedanke enstan fir den Lëtzebuerger Schof an der Lëtzebuerger Woll nees een Notzen an eng sënnvoll Bestëmmung ze ginn. Si kafen d‘Woll bäi regionale Schofziichter of a pressen se ouni Zousätz vun Chemie oder Pestiziden zu dësen kompakten an gutt doséierbaren Pellets.
Si proposéieren fir d’Düngung folgend Doséierungen pro Saison:
- (70g/m2 fir Schwaachzehrer/Nodüngung 40g,
- mëttelstaark Zehrer 100g/m2, Nodüngung 60g
- 150g/m2 bai Stäerkzehrer/Nodüngung 100g)
D’Inhaltsstoffer vum Pellet sin 11% Stéckstoff, 8% Kalium, 3% Schwiefel an 0,5% Phosphor an engem Rescht vun 77,5 % organëscher Substanz.
(Dës Werter kënnen awer liicht variéiren)