top of page
IMG_6857.jpg

Umeldung Krautgaart Geméiskuerf 2023

Fir 2023 sinn all Plaze verginn. Du kanns gären eng E-Mail un rita@krautgaart.com schécken, fir op d'Wardelëscht gesat ze ginn.

​

De Krautgaart SoliBa, d'Kuerzform fir eise solidareschen Bäitrag, gëtt dir als Member vum Krautgaart d’Méiglechkeet, no dengen Mëttelen iwwer däi Bäitrag ze entscheeden. Mat der Héicht vum duerchschnëttlechen SoliBa veränneren sech virun allem d'Salairen vun den Krautgaartler. Parallel ginn eis aner Dieren op, wéi eise Service weider ze verbesseren, a jonk Leit auszebilden. Mat engem méi héijen Duerschnëtt ass et eis ausserdeem méiglech, méi Léit en Accés zu eisem Geméiskuerf ze ginn, déi sech de Mindestbäitrag net kënne leeschten - méi zu eisem Community Bäitrag fënns du weider ënnen.

​

De Krautgaart SoliBa huet zousätzlech den Usproch, déi finanziell Aussiichten vun alle jonke Mënschen ze verbesseren, déi hir Zukunft an der regenerativer Landwirtschaft mat lokaler Direktvermaartung gesinn. Andeems mir virbildlech weisen, dass et am Geméisbau méiglech ass, Salairen ze verdéngen mat deenen een sech net muss verstoppen, kënne mer eng reell Hürd eliminéieren. 

​

Wiel an eisem Formulaire de Bäitrag, den dech usprécht. Du kanns a bis zu 6 Tranche bezuelen.

De Soliba Duerchschnett louch 2022 bei ø 1.116 €.

Krautgaart SoliBa

SoliBa 990€

Dëst ass eise solidaresche 

Mindesbäitrag. Domat hues du vollen Accès zu eisem Geméiskuerf vun Abrëll bis November. Falls de Mindest-bäitrag ze heich fir dech ass, du awer gären Accès zu eisem Kuerf hätts, kanns du weider ënnen de Community Bäitrag ufroen. 

SoliBa 1150€

SoliBa 1320€

E bedeitende Schrëtt! Eng besser Zukunft fir déi lokal Landwirtschaft fänkt mat bessere Salairen fir d'Mënschen um Terrain un. Du setz domat e kloert Zeechen fir méi lokal a regenerativ Landwirtschaft! Mir maachen e Salto a freeën eis iwwer Salairen tëschent 100€ a 200€ iwwer dem qualifizéierte Mindestloun.

SoliBa 1500€

SoliBa 1690€

Du entscheets bewosst, méi wéi de Mindestbäitrag ze bezuelen. Du gëss domat eng bedeitend Stëmm of, fir eng Zukunft mat méi lokaler Direktvermaartung a rege-nerativer Landwirtschaft. Mir freeën eis iwwer Salairen um Niveau vum qualifizéierte Mindestloun.

An der Zukunft ukomm! 
Du erméiglechs der Ekipp vum Krautgaart Salairen op déi
der herausfuedernder Aarbecht vum Geméisubau gerecht ginn. Mat dëser Aus-siicht trauen erëm méi jonk Mënschen sech, hiren 

Dram vun der Landbewirt-schaftung ëmzesetzen. Mir maachen en dräifachen Salto a freeën eis iwwer Salairen tëschent 300€ a 400€ iwwer dem qualifizéierte Mindestloun.

Mat dengem Bäitrag bass du e Visionär, dem et wichteg ass, dat mir och eiser edu-kativer Responsabilitéit kënne gerecht ginn. Mir kënne méi Léit ënnerstëtzen, sech fir de Geméisubau an d'regenerativ Landwirtschaft 

ze engagéieren. De Geméis-gärtner brauch sech definitiv net méi ze verstoppen mat sengem Verdéngscht: mir danze viru Freeëd iwwer Salairen tëschent 500€ a 600€ iwwer dem qualifizéierte Mindestloun.

D'Krautgaartler

D'Ekipp vum Krautgaart ass iech immens dankbar fir ären Interessi, äert Vertrauen an äer Ënnerstëtzung! Ganz egal, ob dir de Mindestbäitrag, den héichsten solidaresche Bäitrag auswielt oder de Community Bäitrag ufrot. Eis Missioun ass et, iech mat frëschem a narhaftem Geméis ze versuergen a mir si dovun iwwerzeegt, dat d'Iddi vum solidaresche Bäitrag funktionéiert. En ass net just solidaresch eis géintiwwer, mee och vis-á-vis vun iech, eise Memberen.

​

D'Ekipp v.l.n.r.: Sophie, Max, Jakob, Rita, Claude

Net op der Foto: Lee-Roy

(Foto vum Anne Lommel)

Krautgaart-16.jpg

De Community Bäitrag

Eise Community Bäitrag soll jidderengem den Accès zu lokalen a gesondem Geméis erméiglechen. Duerch de solidaresche Bäitrag kënne mir Memberen ënnerstëtzen, déi sech de Mindestbäitrag net kënne leeschten. Wiel e Bäitrag ganz no denge Moyenen.  

D'Basis vum SoliBa

​

Den Diagramm weist d'Käschtenverdeelung vun der Krautgaart Geméisproduktioun 2022. Op dëser Basis rechnen mir de solidaresche Bäitrag aus. Fir dat Joer 2023 hu mir fir déi eischte Kéier a 6 Joeren de Präis fir all SoliBa mussen erhéijen, fir mat den Erhéijungen vum Index kënne matzegoen an op déi aktuell wirtschaftlech Situatioun ze reagéieren.

80% (1).png
Cost Allocation
bottom of page