

De Krautgaart Geméiskuerf
Fir 2023 sinn all Plaze verginn.
Fir op d'Waardelëscht gesat ze ginn, schréift eis eng E-Mail un rita@krautgaart.com
Du kenns de Geméiskuerf schonn?
De Krautgaart Geméiskuerf kuerzgefaasst
-
Du kënns emol d'Woch Geméis op eng vun eisen Verdeelungsplazen sichen.
-
Du kanns méi wéi 70 verschidde Geméiszorten iwwert d’Saison entdecken.
-
Du kriss Geméis vun eenzegaarteger Frëscht an Qualitéit aus engem konsequent nohaltegen an lokalen Ubau. Méi zum Krautgaart Geméisubau
-
Emol d'Woch hues du d'Méiglechkeet direkt mam Produzent, also mat eis, ze schwätzen.
-
Du dréis zum Schutz vun der lokaler Natur an der Kulturlandschaft bäi.
-
Duerch de Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft erméiglechs du e fairen Akommes fir eis Aarbecht am Gaart.
Weider Detailler zum Geméiskuerf

-
Umeldung ab engem solidareschen Bäitrag vun 990€ d'Joer (33 Wochen frësch Geméis vun Abrëll bis November).
-
Eise "Community" Bäitrag erméiglecht den Accès fir jiddereen: wanns du dir déi 990€ net kanns leeschten, fanne mir eng aner Léisung, den duerch de solidaresche Bäitrag opgefaang gëtt.
-
Bezuelung a bis zu 6 Tranchen.
-
33 Verdeelungen vun Enn Abrëll bis Enn November ob eisen zwou Verdeelungsplazen zu Kayl an zu Kaerch.
-
D'Verdeelung ass ëmmer Freides zu Kayl vun 16:30 bis 19:00 an zu Kaerch vun 16:30 bis 19:30.
-
D'Nofro ass grouss, an d'Plazen sinn limitéiert. Mir recommandéieren d'Umeldung bis Enn Dezember.
Du bass nei beim Krautgaart Geméiskuerf?
-
De Krautgaart Geméiskuerf funktionéiert nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft, also eng Landwirtschaft déi vun der lokaler Communautéit gedroe gëtt. Als neie Member recommandéiere mir dir bei enger Taass Téi oder Kaffi eist Informatiounsblat (LU/FR) duerchzeliesen.