
SoliBa - De solidareschen Bäitrag vum Krautgaart
duerchschnëttlechen
SoliBa 2019
935€
“D’Missioun vum Krautgaart ass et, e Grupp vu lokale Mënsche mat deem beschte Geméis aus engem kompromësslos nohaltegen Ubau ze versuergen.“
&
"An gläichzäiteg Konzepter ze entwéckelen an ze testen déi den sozialen an ökologeschen Geméisbau hei zu Lëtzebuerg kënnen weiderbrengen."
​
Mat denger Umeldung fir den Krautgaart Geméiskuerf an dengem SoliBa -solidareschen Bäitrag - kriss du emol d'Woch bescht Geméis an du gëss eng Stëmm of fir den sozialen an ökologeschen Geméisbau zu Lëtzebuerg of.
D'Zil vum Krautgaart SoliBa ass et en flexibelen Präis fir den individuellen Konsument ze erméiglechen an gläichzäiteg e fairen Loun fir de Produzent ze generéieren.
​
De SoliBa gëtt dir als Member vum Krautgaart Geméiskuerf d’Méiglechkeet no dengen Mëttelen iwwert däin Bäitrag ze entscheeden. Mat der Héicht vum duerchschnëttlechen SoliBa veränneren sech virun allem d'Salairen vun den Krautgaartler. Parallel ginn eis aner Dieren op wéi z.B. eisen Service weider ze verbesseren, nei Kulturen ze probéieren, an bessert Material ze investéieren an och Leit kënnen auszebilden an ze bezuelen.
​
Mir schafen Transparenz - Käschten KG Geméisproduktioun
Den Diagramm weißt d'Käschtenverdeelung vun der Krautgaart Geméisproduktioun am Joer 2019. Dobäi hu mir fir den Diagramm mat Salairen vun 2200€ netto, also engem duerchschnëttlechen SoliBa vun ronn 1000€ gerechent. Den tatsächlechen SoliBa vun 2019 war ronn 935€, d'Salairen louchen entspriechend also bei 2000€ netto.
​
Hëllef eis en SoliBa ze erreechen mat deem mer kënnen weisen, dass den Beruff vum Geméisgärtner och ekonomesch kann intressant sinn. Nëmmen esou kënne mer zesummen eng besser Zukunft fir den Geméisbau hei zu Lëtzebuerg schafen. Gëff eng Stëmm, wiel däin SoliBa.
​
