
Froen an Äntwerten
Wanns du eemol keng Zäit hues däin Geméis sichen ze kommen dann kann och eng aner Persoun an denger Plaz kommen. Dës kënnen Famill, Frënn oder d'Noperen sinn. Du muss eis dofir net extra am Viraus informéieren.
Am Fall wous du keen Asatz fënns, also guerkeen kënnt, so eis w.e.g. am Viraus Bescheed. An deem Fall rekoltéiere mir entweder manner oder mir kënnen d'Geméis den anere Memberen zur Verfügung stellen, sou dass mir keen Offall produzéieren.
Wanns du eis bis Donneschdes Owes eng E-Mail un rita@krautgaart.com oder eng SMS/WhatsApp/Signal Message un +621 389 781 schécks, kënne mir däi Kuerf bei eis am Gaart an de Frigo setzen. Mir bitten ëm däi Verständnis, dat mir dat Freides kuerzfrësteg aus logistesche Grënn net maache kënnen.
Verdeelungen 2023 vun Abrëll bis November
Koerich [An der Scheier]
1 chemin de la fontaine, L-8386 Koerich
Freides vun 16:30 bis 19:30
Kayl [Bei Petit's an der Garage]
7 rue Jules Wilhelm, L-3675 Kayl
Freides vun 16:30 bis 19:00
Stengefort [Am Container]
Hei kanns du däi Kuerf ëmmer Freides ab 12 Auer selbstänneg ofhuelen.
Däi Kuerf steet bis Méindes bereet.
Stengefort ass eng kleng Verdeelungsplaz fir Noperen an dofir net standartméißeg bei der Umeldung auszewielen! Sollten di aner zwou Verdeelungsplazen dir guernet passen kanns du eis awer uschreiwen: rita@krautgaart.com