

D'Krautgaartler
All Woch versuergen mir 122 Stéit mat Geméis aus eisem Gaart. Fir dës Erausfuerderung
ze meeschteren, ass eng divers Ekipp virun an hannert de Kulissen aktiv.
(Stand 03/2025)

Grëndungspartner
Jean-Marc Parries
Grëndungspartner Krautgaart
De Jean-Marc war vun 2015-2022 Grëndungs- a Betribspartner a huet sech an dene leschte Joeren ëm d'Betribsféierung an Entwécklung gekëmmert a seng Erfarungen a säi Wëssen z.B. a Virträg weiderginn.
Zesummen mam Max huet hien 2015 de Projet ze Käerch gegrënnt, kuerz dono ass de Claude dobäi komm. Zesummen hunn si de Krautgaart ze dem opgebaut, wat en haut ass.
Krautgaart Alumnus
Menschen, déi Deel vun eisem Team waren.

Eis hëllefend Hänn
Nieft eiser Ekipp, kënne mir op d'Ënnerstëtzung vun eis Famillen a Frënn zielen.


Maximilian Epstein
Patron
De Max ass Grëndungspartner vum Betrieb a responsabel fir de Management vun der Geméisproduktioun, wéi och der Koordinatioun vun der Gaardenekipp an der Infrastruktur am Gaart.

Claude Petit
Patron
Eisen Expert fir Kraider, Straich a Beem, ass de Claude och Grëndungspartner. Hien ass responsabel fir d'Geméisproduktion a fir den Empfang vu Schoulklassen an ëmweltpolitesch Weiterbildung am Gaart.

Rita Rommerskirchen
Gäertnerin & Admin
D'Rita schafft als Gäertnerin an ass dernieft zoustänneg fir d'Administratioun, a virun allem fir eis Krautgaart Community. Als éischt Kontaktpersoun fir eis Memberen kënnt dir iech gären mat all Froen, Feedback an Iddien bei hiem mellen.

Vicky Lahier
Apprentissage adulte
D'Vicky mëscht säit September 2024 seng Ausbildung am DAP "entrepreneur maraîcher", fir dono hoffentlech säin eegene Projet ze realiséieren.

Mireille Dondlinger
Aushellef
D'Mireille ënnerstëtzt eis 20h d'Woch am Gaart a bei den Verdeelungen. Nieft senger Aarbecht als Webdesignerin ass de Gaart e gudden Ausgläich a sengem Alldag.

Yoshi
Eise Wuechthond
De Yoshi ass ëmmer alert fir de Besicher drop hinzeweisen sech gutt ze behuelen. Hien ass och e bësse geckeg.

Sophie D'Incau
Azubi 2021-24
D'Sophie huet vun September 2021 bis Juli 2024 seng Ausbildung bei eis am DT "entrepreneur maraîcher" gemeet. Elo gëtt d'Sophie säi Wëssen a Schoulkanner weider a wäert geschwënn zesumme mat de Kanner e Schoulgaart bewirtschaften -den d'Kantin a soumat déi ganz Primärschoul versuergt.
Jakob Söderberg
2021-23
De Jakob war eisen ingenéisen Handwierker. Hien huet vill geplangt, gebaut a gefléckt an ass passionéiert wann et drëms geet, al Materialien erëm ze benotzen. Ausserdem huet hien eis e ganz wichtegt Wuert op Schweedesch bäibruecht: "Fika" (Paus). De Jakob wollt von Ufank un eng begrenzt Zäit am Krautgaart schaffen an ass elo als Ingenieur bei der Cargolux ugestallt. Heiansdo kënnt en eis och am Gaart besichen.
Antoine Debray
2020
Den Antoine huet während enger Saison eng intensiv Ausbildung bei eis gemeet, mam Zil, säin eegene Geméisbauprojet ze grënnen.









