top of page

Eis Ubaumethoden

"De Buedem ass eis gréisst Kapital"

Kopie von size_l.png
Kopie von size_l.png
Kopie von size_l.png
Kopie von size_l.png

Et ass eis en Uleies ze weisen, dass en effizienten Geméis-Ubau an d'Erhalung oder souguer d'Regeneratioun vum Land kee Widdersproch sinn. Mir sinn och iwwerzeegt, dass schmackhaft a gesond Geméis just aus engem natierlechen Ubau kann ervirgoen. Ekologeschen Geméisbau ass also och Geschmacksaach.

 

Eis Ubaumethoden sinn inspiréiert vu grousse Gäertner wéi dem Charles Dowding an dem Eliot Coleman. Zousätzlech kënnt eist Wëssen aus Bicher, Fortbildungen an virun allem aus der Erfarung déi mir säit eisem Ufank 2015 gesammelt hunn, wéi auch den Échange mat anere Solawi- a Marktgartenbetriber hei am Land wéi och international.


Et geet ëmmer drëm, de Buedem als wäertvoll Kapital ze schätzen an ze fleegen. E gesonde Buedem ass d'Viraussetzung fir staark Planzen a schmackhaft Geméis mat engem gudden Nährwert. Vir d'Liewen am Buedem ze fërderen, verzichte mir dofir op Buedembeaarbechtung. Dësen Ubau gëtt am engleschen och als 'no dig' bezeechent. 

​

Weider Prinzipien no deene mir schaffen:

  • Mir verzichten ganz op Pestiziden an chemesch-synthetesch Düngemëttel.

  • Mir benotzen biologescht Geseems a zéien all eis Jongplanzen selwer fir. 

  • Mir fërderen d'Strukturvillfalt, a domat den Liewensraum fir Gedéiesch an eise Gäert. Dës Villfalt hëlleft eis Schädlingen an Schach ze halen.

  • Mir kompostéieren alles organescht Material wat ufält a bréngen et zeréck an den Gaart. 

bottom of page