top of page

Froen an Äntwerten

Iwwert de Krautgaart Geméiskuerf

Fir wéivill Leit ass den Geméiskuerf?

  • De Geméiskuerf ass gutt gefëllt. Wéi laangs du domat kënns, hänkt vum Haushalt an den Iessgewunnechten of.

Wéivill Wochen am Joër kann ech mäi Geméis siche goen?

  • D'Längt vun der Saison ass ofhängeg vum Wieder, geet awer mindestens vu Mee bis November. 2019 ass di éischt Verdeelung fir den 26 Abrëll, an di lescht Verdeelung fir den 29 November geplangt. Wann dat éischt Geméis prett fir d'Rekolt ass, informéieren mir dech per Email.

Wéi, wou a wéini kréien ech mäi Geméis?

  • De Geméiskuerf kenns du bei ee vun eise Verdeelungspunkten sichen. An eiser Scheier zu Käerch op 1, chemin de la fontaine an beim Claude an der Garage zu Kayl op 7, rue Jules Wilhelm. D'Verdeelung op deenen zwou Plazen ass ëmmer Freides vun 16:30-19:30 Auer.

Wéi ass den Oflaf vun der Geméisverdeelung?

  • Dat frëscht Geméis ass wéi op engem Maart an Këschten presentéiert. Op den Tafelen steet wéi vill Geméis all Member ze gutt huet. Jiddereen hëlt sech säin Undeel a peekt en a säi Kuerf.

Wat brauch ech fir d'Geméisverdeelung?

  • E Geméiskuerf, evtl. Mehrwegbehälter oder Naturtaschen. Stofften Naturtaschen kanns du och bei eis kafen.

Wat bedeit d'Risikodeelung an der solidarescher Landwirtschaft?

  • Duerch spéiden oder fréien Frascht, Knëppelsteng, staarke Reen oder Drëscheperioden kann et zu Ausfäll bei der Recolte kommen. An deem Fall falen d'Geméiskierf manner üppeg aus. An der solidarescher Landwirtschaft deelen sech de Bauer an seng Ernteteiler dësen Risiko.

Wat maachen ech wann ech keng Zäit hunn d'Geméis sichen ze kommen?

  • Wanns du eemol keng Zäit hues däin Geméis sichen ze kommen dann kann och eng aner Persoun an ärer Plaz kommen. Dës kënnen Famill, Frënn oder d'Noperen sinn. Du muss eis dofir net extra am Viraus informéieren.

Muss ech um Feld matschaffen wéi dat an aneren Solawi-Projeten deelweis üblech ass?

  • Als Abonnent vun engem Krautgaart-Geméiskuerf bas du net verpflicht um Feld matzeschaffen. Mir wëllen awer méiglechst transparent schaffen an eis Memberen iwwert eis Entscheedungen an eis Aarbechtsweis um Lafenden halen. Eng Visite um Feld ass no Ofsprooch mat eis ëmmer méiglech. Ee Member deen sech an de Projet wëll materabrengen kann eis gären dorober uschwetzen.

Gëtt Geméis zoukaf?

  • De gréissten Deel vum Geméis ass aus eise Gäert vu Stengefort an Käerch. Bei verschiddenem Geméis ass de Bäikaf ageplangt. Esou zum Beispill d'Gromperen. Mir maachen just déi fréi Gromperen selwer di spéit kafen mer beim Mario Kleer vun Ieverleng bäi. Och am Fall wou mer e gréisseren Ausfall bei enger Kultur hätten, kann et sinn dass mir bei engem aneren lokalen Produzent akafen. Am Fall wou e Geméis net aus eisen Gäert ass informéieren mir dech bei der Verdeelung.

Wann dir soss Froen hutt dann schreift eis eng E-mail op gemeis@krautgaart.lu

bottom of page