Team of people working in the garden

Working and learning at Krautgaart

En Job oder eng Ausbildung mat Zukunft

"Eis Passioun am Krautgaart as et di lokal Communautéit mat beschtem Geméis ze versuergen an virbildlech aner Initiativen zum keimen ze inspiréieren."

Schaffen am Krautgaart

Wann eis Visioun dech usprécht dann hues du d'Méiglechkeet Deel vun eiser Ekipp ze ginn. 

 

Wanns du als Gärtner(in) eng Plaz sichs kanns du dech ëmmer bei eis mellen - och wann grad keng Plaz ausgeschriwwen ass. 

Fräi Ausbildung am Krautgaart

"Gärtner(in) fir Zukunft" ass eng fräi Ausbildung di mir säit 2020 ubidden. Mir sinn Spezialisten an der Jongplanzevirzuucht, am Geméisbau ouni Buedembeaarbechtung (no-dig oder "sur sol vivant"), an der solidarescher Direktvermaartung, an an der Betribsgrënung an -Féierung fir Quereinsteiger. Dës Ausbildung as esouwuel interessant fir Leit di hieren eegenen Betrib wëllen grënnen, Gärtner(inen) déi méi iwwert de Geméisbau ouni Buedembeaarbechtung wëllen léieren an ambitionéiert Hobbygärtner(inen). Dës moßgeschneidert Ausbildung dauert wéinstens eng Saison. Wanns du interesséiert bas dann schreif eis un op office@krautgaart.com

Fir 2021 sinn d'Ausbildungsplazen all besat. 

Interesséiert? Schéck eis däin CV an eng kuerz an knackeg Motivatioun als Text oder Video op office@krautgaart.com.

Aktuell sinn keng Plazen ausgeschriwwen. Du kanns dech awer gären bei eis mellen fir di kommend Saisoen. Wann et dann esouwäit ass kommen mir op dech zeréck. 

# Ënnerstëtzung am Gaart - saisonal, 24St/Woch, 9 Méint, CDD, 2022 oder 2023

 

Dëst ass e Poste fir e Mënsch dee gären dobaussen ass, d’Aarbecht mat den Hänn sicht, an Freet um Ëmgang mat der Natur huet. Eng Gärtnerausbildung ass wëllkomm awer net noutwendeg! Dëse Posten ass saisonal (Ufank Mäerz bis Enn November 2021) an entsprécht 24 Stonnen an der Woch. Et besteet d’Méiglechkeet op eng laangfristeg Astellung als CDI. Ideal ass eng Persoun di no beim Gaart wunnt (z.B Gemeng Stengefort) an zäitlech flexibel ass. Weekends hu mir en interne Roulement fir no den Zären ze kucken an ze netzen. Mir sichen e Mënsch deen eis Gaardenekipp an der Saison ënnerstëtzt. Hei gehéiert alles dozou wat an engem Geméisgaart ufält.

Komplett Beschreiwung eroflueden