top of page
IMG_6857.jpg

Umeldung Krautgaart Geméiskuerf 2023

Ab elo kanns du dech hei fir d'Saison 2023 umelden.

​

De Krautgaart SoliBa, d'Kuerzform fir eisen solidareschen Bäitrag, gëtt dir als Member vum Krautgaart Geméiskuerf d’Méiglechkeet no dengen Mëttelen iwwert däin Bäitrag ze entscheeden. Mat der Héicht vum duerchschnëttlechen SoliBa veränneren sech virun allem d'Salairen vun den Krautgaartler. Parallel ginn eis aner Dieren op, wéi eisen Service weider ze verbesseren an Leit auszebilden. 

​

​

Wiel ënnendrënner dee Bäitrag deen dech usprécht. Du kanns an bis zu 6 Tranche bezuelen. 

​

SoliBa 950€

Du hues vollen Accès zum Krautgaart Geméiskuerf. Dëst ass eisen solidareschen Mindesbäitrag an erméiglecht Krautgaart netto Salairen tëschent 2100€ an 2200€.

SoliBa 1100€

Du entscheets bewosst, méi ewéi de Mindestbäitrag ze bezuelen. Du gëss domat eng bedeitend Stëmm of, fir eng Zukunft mat méi lokaler Direktvermaartung an regenerativer Landwirtschaft. Eng besser Zukunft fir di lokal Landwirtschaft fänkt mat besseren Salairen fir d'Mënschen um Terrain un. Mir freeën eis iwwert netto Salairen tëschent 2300€ an 2400€.

SoliBa 1250€

E bedeitende Schrëtt! Du erméiglechs der Ekipp vum Krautgaart Salairen op déi si kann stolz sinn. Du setz domat e kloert Zeechen fir méi lokal an regenerativ Landwirtschaft! Mir maachen e Salto an freeën eis iwwert netto Salairen tëschent 2500€ an 2600€.

SoliBa 1500€

An der Zukunft ukomm! Däin Bäitrag erméiglecht Salairen déi der herausfuedernder Aarbecht vum Geméisubau gerecht ginn. D(e) Geméisgärtner(in) brauch sech definitiv net méi ze verstoppen mat sengem Verdéngst. Mat dëser Aussicht, trauen erëm méi jonk Mënschen sech, hiren Dram vun der Landbewirtschaftung ëmzesetzen. Mir maachen en dräifachen Salto an freeën eis iwwert netto Salairen tëschent 2700 an 2800€.

De Community Bäitrag

Eisen Community Bäitrag soll jidderengem den Accès zu lokalen a gesondem Geméis erméiglechen. Wiel e Bäitrag ganz no denge Moyenen.  

D'Basis vum SoliBa

​

Den Diagramm weißt d'Käschtenverdeelung vun der Krautgaart Geméisproduktioun 2019*. Op dëser Basis rechnen mir de Mindest-SoliBa aus. De Mindest-SoliBa ass deen Betrag deen wéinstens muss bezuelt ginn fir all Produktiounskäschten ze decken an den qualifizéierten Mindestloun un Krautgaartler ze bezuelen. 

​

*Esoubal wéi mer Zuelen vun 2021 fäerdeg ausgewäert hunn aktualiséieren mer de Grafik. 

​

Cost_Allocation_KGVegetableProduction.pn
Cost Allocation
bottom of page