top of page
DSCF4606.jpg

De Krautgaart Blog

Hei fënns du Rezepter, Tipps an Artikelen ronderem de Gaart an d'Geméis.

  • clpetit

Tulsi - Hellëge Basilikum (Téi)


Tulsi (Ocimum tenuiflorum), och nach hellëge Basilikum genannt, ass eng aner Art wéi den italienesche oder mediterrane Basilikum, dee mer hei geleefeg an der Kiche benotzen. Dës Art kënnt ursprünglech vum indësche Subkontinent wou e schonn zënter méi wéi 3000 Joër genotzt gëtt. Si enthält eng Reih vun äthereschen Uelescher a gëtt dowéinst als Téi, Gewürz a virun allem och Heelplanz agesat. Tulsi huet an der indescher Kultur e ganz grousse Stellewert: Si gëtt am Hinduismus als helleg ugesinn, an heescht op Sanskrit, déi Onvergläichlech.


D'Planz an och den Téi gëtt säit ganz laanger Zäit och am Ayurveda gebraucht, si gëllt als adaptogen, d.h. Stress an Ängscht ofbauend, hëlleft sech ze konzentréieren a gutt ze schlofen. Eng Reih rezent Etuden weisen mëttlerweil op déi antibakteriell, antiviral an aner positiv Eegeschaften vum Tulsi hinn an ënnermaueren soumatt den Notzen vun dëser Planz fir déi mënschlech Gesondheet.


Mat sengem douce, liicht séisse Goût a ganz ouni Koffein ass Tulsi sëcherlech en Téi deen een all Dag zu all Geleegenheet, souwuel waarm wéi och kal ka genéissen


Den Tulsi zum Moment vu senger Rekolt am Gaart zu Stengefort




Recent Posts

See All

Zitrouneverben (Téi)

Zitrouneverben (Aloysia citrodora), ass eng Planz aus Südamerika déi opgrond vun hierem zitrounegen Aroma am 17te Jorhonnert vun de Portugiesen a Spuenier mat an Europa bruet ginn ass. Ganz ouni Koffe

bottom of page