top of page
IMG_6857.jpg

Umeldung Krautgaart Geméiskuerf 2024

  • Duerch de solidaresche Bäitrag (SoliBa), hues du als Member vum Krautgaart d’Méiglechkeet, no dengen Mëttelen iwwer däi Bäitrag ze entscheeden.
     

  • Mat der Héicht vum duerchschnëttlechen SoliBa bestëmms du d'Salairen vun den Krautgaartler. Parallel ginn eis aner Dieren op, wéi eise Service weider ze verbesseren, a jonk Leit auszebilden a virun allem, eisen ekosozialen Impakt weider auszebauen.
     

  • Duerch de System vum SoliBa ass et eis méiglech, Léit en Accés zu eisem Geméiskuerf ze ginn, déi en sech soss net kënne leeschten a gläichzäiteg eis Aarbecht ze ënnerstëtzen.
     

  • Du kanns och mat engem Don e Kuerf abonnéieren - dofir wiels du de Betrag aus, de fir dech passt a giss am Formulaire zur Umeldung un, wéi vills du wëlls zousätzlech spenden. Sou kanns du däi Bäitrag selwer festleeën.
     

  • Du kanns däi Bäitrag a bis zu 6 Tranchen bezuelen.
     

  • Fir d'Saison 2024 ginn et 155 Plazen.

De Soliba Duerchschnëtt louch 2023 mat 153 Memberen bei ø 1.242 €.
Doduerch konnte mir eis e Salaire vun +/- 2.700€ ausbezuelen.

IMG_9787 (1).jpg
Wat bedeit de Ø SoliBa?

Ø 1.240€ ab hei kënne mir eis de Mindestloun (ca. 2700€ bezuelen)

Ø > 1.240€ = mir kënnen eis Salairen verbesseren a nach méi an eisen ekosozialen Impakt investéieren.

Frëndschaftsbäitrag

990€ 
30€/Woch

soliba (1).png

De Frëndschaftsbäitrag ass dofir do, eise Geméiskuerf accessibel ze halen. Mir hunn en bewosst gehal, och wann en ze niddereg ass, fir dat mir eis eng Paie kënne bezeuelen. Eis Gemeinschaft an de System vum SoliBa erméiglechen eis de Schrëtt.

Wann de Frëndschaftsbäitrag ze héich fir dech ass, kanns du och e Community Bäitrag (weider ënnen) ufroen.

SoliBa

1.240€ 

37,38€/Woch

De solidaresche Bäitrag deckt déi reell Käschten fir déi nohalteg Produktion vu Geméis an Uebst ouni staatlech Subventiounen. Du finanzéiers eng regenerative Approche, déi sech dofir asetzt, Buedem a Liewensraum opzebauen am Aklang mat eiser Liewensmëttelproduktioun.
 

Duerch deng Ënnerstëtzung kënnen eis Mataarbechter de qualifizéierte Mindestloun von ca 2.700€  verdéngen.

SoliBa Plus

1.500€ 

45,45€/Woch

De SoliBa Plus erméiglecht et eis, de Frëndschaftsbäitrag ze erhalen. Du ënnerstëtzt eis Solawi och dobäi, sech ze entweckelen, d'Biodiversitéit ze fërderen, Buedemgesond-heet an de Mëttelpunkt ze stellen an eng resilient, nohalteg Approche an der Liewensmëttelproduktioun virun ze dreiwen - mat engem Salaire vun ca. 3000€.

Bäitrag + Don

ab 990€ 
 

Als SIS (société d'impact sociétal) hu mir eis ver-schidden Kriteren gesat, fir eisen ekosozialen Impakt op eis Gesellschaft ze moossen a weider auszebauen. Mir sinn der Iwwerzeegung, dat dës Kriteren immens wichteg an e Schlëssel dofir sinn, eng nohalteg Zukunft kënnen ze gestalten.

 

Duerch dës Optioun kanns du däi Gesamtbäitrag selwer auswielen.

D'Krautgaartler

D'Ekipp vum Krautgaart ass iech immens dankbar fir ären Interessi, äert Vertrauen an äer Ënnerstëtzung! Ganz egal, wéi e Bäitrag dir auswielt. Eis Missioun ass et, iech mat frëschem a narhaftem Geméis ze versuergen a mir si dovun iwwerzeegt, dat d'Iddi vum solidaresche Bäitrag funktionéiert. En ass net just solidaresch eis géintiwwer, mee och vis-á-vis vun iech, eise Memberen.

​

D'Ekipp v.l.n.r.: Sophie, Max, Jakob, Rita, Claude

(Foto vum Anne Lommel)

Krautgaart-16.jpg

D'Basis vum SoliBa

​

Den Diagramm weist d'Käschtenverdeelung vun der Krautgaart Geméisproduktioun 2023. Op dëser Basis rechnen mir de solidaresche Bäitrag aus. 

SoliBa Grafik (1).png
Cost Allocation
bottom of page