top of page

Ekosozialen Impakt

Eise positiven Impakt op d‘Ekosysteemer an d’Gesellschaft – hëlleft eis dobäi, en emzesetzen!

Als regenerative, landwirtschaftlesche Betrib, produzéiere mir méi wéi just Liewensmëttel. Mir erhalen a stärke natierlech Kreesleef mam Zil, e Stéck Land deene nächste Generatiounen an engem besseren ekologeschen Zoustand ze hannerloossen, wéi mer et virfonnt hunn.  Mir wëllen och den Zesummenhalt an der Gesellschaft op lokalem Niveau stärken an hoffen, dat änlech Inititiativen eisem Wee kënne folgen.

​

Wann dir eis Aarbecht wëllt ënnerstëtzen, kënnt dir dat op verschidden Weeër machen: entweder dir gitt Member vum Krautgaart a kritt all Woch vun Abrëll bis November e gutt gefëllten Geméiskuerf oder dir gitt Supporter, andeems dir eppes fir eis Aarbecht spent. Als unerkannt SIS (société d'impact sociétal) maache mir eisen ekosozialen Impakt besser miessbar a dir kënnt en offiziellen Don maachen. 

​

Krautgaart SIS

LU64 0099 7800 0120 8727

CCRALULL (Raiffeisen)

​

Mat engem Don ënnerstëtzt dir eis Aarbecht fir:

Méi Buedemfruchtbarkeet

  1. Unhand vun Analysen kënne mer soen, dass den Humus an eisem Buedem a véier Joer vun 2,58 % op 8,6 % geklommen ass. 
     

  2. Mir fidderen eise Buedem mat Kompost an den ënnerirdesche Planzereschter (wéi Wuerzelen) vun eisem Geméis.
     

  3. Mir gruewen eise Buedem net ëm a benotze keng chemesch Mëttel, déi dat villfältegt Buedemliewen negativ kéinte beaflossen.
     

  4. Mir mulchen eise Buedem a verhënneren, dat en ofgespullt gëtt.
     

  5. Mir wäerten zukünfteg d’Villfalt an d’Vitalitéit vun eisem Buedemliewen analyséiere loossen. 

Krautgaart-Draft1-18 (1).jpg

Méi Klimaschutz

  1. ​Je méi organesch Substanz, Liewen an Humus am Buedem ass, desto manner klimaschiedlechen Kuelendioxid ass an der Loft. 
     

  2. Mir fixéieren zousätzlechen Kuelendioxid duerch d‘Planzung an d‘Fleeg vu Beem a Straich.

Image by NOAA

Méi Biodiversitéit

  1. ​Mir planzen eng grouss Villfalt u Geméisarten an -zorten, déi zum allergréissten Deel somefest sinn, an déi mir als Kultur-gidder am Gebrauch wëllen erhalen. 
     

  2. Mir setze keng chemesch-synthetesch Dünger oder Pestiziden an, déi net nëmmen d'Liewenswelt op eisem Terrain géinge beschiedegen, mee och dem Waasser an esouguer dem Klima.
     

  3. Mir planzen a fleegen kontinuéierlech eng gréisstméiglech Zuel un Hecken a Beem op eisem klengen Terrain. Op klengster Fläch ginn et ënnerschiddlech Notzungsintensitéiten a mir kreéieren esou eng villfälteg Kultur- an Agrarlandschaft, wat fir eng Biotopvilfalt suergt.

IMG_4941.JPG

Manner Knascht a manner Ressourceverbrauch

  1. Mir benotzen e Minimum u Verpackungsmaterial fir d‘Geméis un eis Memberen ze verdeelen.
     

  2. Mir produzéieren e Minimum u Liewensmëtteloffäll, wëll mir och Geméis ausserhalb vun den Handelsnorme verdeelen.
     

  3. Mir hu keng landwirtschaftlesch Maschinnen ,déi op endlech fossil Energien ugewise sinn. Mir halen dofir och d'Loft sou propper wéi méiglech.
     

  4. Mir notze, mee verbrauche kee, Land. Mir produzéieren fir iwwer 150 Stéid op klengster Fläch a wëllen de Buedem sou erhalen, dat déi Generatiounen no eis dat selwecht kënne maachen.

279507717_1632060867149359_3702347934106200472_n.jpg

​Méi sozialen an zivilgesellschaftlesche Engagement

  1. Mir probéieren, duerch eise flexiblen Präissysteem, dem SoliBa, jidderengem den Zougang zu frëschem, a lokalem Geméis ze erméiglechen.
     

  2. Mir sinn an engem Netzwierk mat anere Betriber engagéiert a bréngen zesummen d’Iddi vun enger lokaler a regenerativer Landwirtschaft wieder.

Krautgaart-Draft1-55 (1).jpg

Déi lokal Communautéit stärken

Eng méi staark lokal Ekonomie:

Eis Produiten gi just lokal vermaart. Mir schaffe mat anere Produzenten aus der Regioun zesummen a schafe sou eng Verbonnenheet mat der Regioun.


Eng méi staark Partnerschaft tëschent dem Konsument an dem Produzent:

Wen séch fir e Geméiskuerf decidéiert, gëtt Member beim Krautgaart, a net Client. Mir stinn am direkte Kontakt mat eise Memberen, schaffen transparent a ginn e reegelméissegen Abléck an eis Aarbecht.

​

Plaz fir Begéignungen:

Mat eisen Verdeelungen schafe mir och Plazen, wou d'Léit aus der jeweileger Gemeng séch kënne begéinen an eis Erfarung weist eis, wéi wäertvoll dëst ass, vue dat et der Plazen ëmmer manner gëtt.

IMG_4794.JPG

Méi Sensibiliséierung an informell Bildung

  1. Duerch den direkten Austausch mat eise Memberen hu mir d'Méiglechkeet, si am Beräich vun enger nohalteger Liewensmëttelproduktioun fir verschidden Thematiken ze sensibiliséieren.
     

  2. Eis Erfahrungen a Wësse deele mir ausserdem mat Leit a Kanner, déi eis besiche kommen. Dat kënne privat Gruppen oder Schoulklassen bis hin zu Studente sinn.

bottom of page