top of page
DSCF4606.jpg

De Krautgaart Blog

Hei fënns du Rezepter, Tipps an Artikelen ronderem de Gaart an d'Geméis.

  • jmparries

Geméiskuerf N°1 - 2021

No grousser Nofro implementéieren mer dëst Joer e wëchentlechen Ausbléck op de kommende Geméiskuerf. Dëse fënns du ab Donneschdes an eisem Blog an der Kategorie "Geméiskuerf".



Geméiskuerf N°1

Dëst Joer si mer mi fréi un ewéi soss. Et gëtt

  • jonk Muerten (déi fréist bis elo, d'lescht Joer am Oktober am Tunnel geséint)

  • knackege Spinat

  • Réidercher

  • Fréijoersënnen

  • jonke Knuewelek

  • Gromperen vum Biohaff Fischbach Reiff


Rezept vun dëser Woch


Zesummen mam Anne Lommel brengen mir regelméißeg Rezepter eraus fir dat saisonalt Geméis ze vreschaffen. Dëst fannt der och am Blog ënnert "Rezepter".

bottom of page