top of page
DSCF4606.jpg

De Krautgaart Blog

Hei fënns du Rezepter, Tipps an Artikelen ronderem de Gaart an d'Geméis.

Haff a Sewen & Krautgaart

Writer's picture: Rita RommerskirchenRita Rommerskirchen

Zanter dësem Joer schaffe mir mam Haff a Sewen vu Meespelt zesummen. Mir séinen d'Jongplanzen fir den Haff a dofir planze mir och Geméis fir eis Memberen op hirer Fläch un. Wéi et dozu komm ass, ziele mir iech hei.

Eric Schauls, Max Epstein & Claude Petit am Gaart vum Haff a Sewen ze Meespelt.


Et ass eis als 'small scale farmers' vun Ufank un wichteg gewiescht, am Austausch mat anere Betriber a Persounen ze stoen, déi ähnlech Projeten op d'Been gestallt hunn oder stelle wollen. Den Austausch ass net just wichteg, fir sech ëmmer erëm mat néien Iddien ze konfrontéieren, mee och fir sech gegensäiteg ze ënnerstëtzen. Ze Lëtzebuerg gëtt et mëttlerweil e Grupp vu solche Betriber a Projeten, den sech reegelméisseg gesidd, fir sech auszetauschen. Dobäi geet et nieft politeschen Ziller, déi mir gäre géifen erreechen, och ëm e ganz prakteschen Austausch.

Zanter dëser Saison hu mir zesummen mam Haff a Sewen eng Kooperatioun gestaart: zwee Projeten, déi ganz fir sech alleng stoen, an awer enk zesumme schaffen. Den Haff a Sewen setzt sech virun allem fir d'Erhaalen vun wertvoller Kulturlandschaft an aalen Hausrassen an. Den Fokus leit op der Produktioun vun deireschen Produi'ten am Eeklang matt Deirewuel an den natirlechen Kreesleef. Si bewirtschaften 6ha wertvollt Dauergréngland mat Schoof a probeieren all Formen vun synergetescher Notzung aus (z.B.: mat Schnuddelhénger oder Hénger). Den Gros vun der Gémeisproduktioun vum Haff a Sewen gëtt un de Restaurant Oekosoph geliwwert an de Recht gëtt an der Noperschaft verkaaf. Donieft wunnen um Haff a Sewen nach Kannéngercher, Schof a zanter dëser Saison och dräi Schwäin.


Vue dat d'Geméisproduktioun beim Haff a Sewen e bëssen reduzéiert gouf, profitéiere mir dëst Saison dovun, op verschiddene Beeter eis Geméis unzeplanzen - natierlech weiderhin no dem No-Dig-Prinzip a genau sou, wéi mir et an eise Gäert schonn maachen. Doduerch bléift eis méi Plaz an eise Gäert fir aner Geméis unzebauen. Gläichzäiteg zille mir e groussen Deel vun de Jongplanzen fir den Haff a Sewen. Eng Reih wieder Iddien ginn den Ament nach ausgeschafft: d'Schof fir eng Zäit an de Krautgaart ze plënneren (als manuell Méimaschinn) oder och gemeinsam d'Schnuddelhénger ze zillen an ze schluechten. Mir halen iech doriwwer op dem Lafenden!



Comments


"Eis Passioun ass et, déi lokal Gemeinschaft mat beschtem Geméis ze versuergen a virbildlech aner Initiativen zum Keimen ze inspiréieren."

Du bass interesséiert u solidarescher Landwirtschaft, lokalem Geméis, a nohaltegem Geméisbau? Iwwert eisen Newsletter bleifs du um Courant!

Mir freeën eis iwwer deng Aschreiwung beim Krautgaart Newsletter!

  • Instagram
  • Facebook

©2024 by Krautgaart
Impressum

bottom of page