Oliverekolt an Italien (November 2025)
- Claude Petit

- Nov 9, 2025
- 2 min read
E kuerze Bericht mat Fotoe vum Claude, Rol a Pol an hierer Rees an Italien

E Sonnden den 2. November sinn ech zesumme mat mengem Papp, dem Rol a Koleeg Pol eng 1200 km mam Auto erof an Zentralitalien gefuer. Laanscht de Lago maggiore, dem fruchtbaren Dall vum Pofloss, bis ënner Perugia eng 100 km nërdlech vu Roum. Hei, beim klengen, mëttelalterlechen Duerf Castiglione in Teverina wunnt de Roberto mat senger Famill. D'Regioun ass säit Jorhonnerte gepräägt vum Wäibau an den Olivebeem. De Roberto produzéiert op sengem landwirtschaftleche Betrib mat grousser Passioun a biologeschem Wëssen - nieft enger klenger Quantitéit un Naturwäin - de biologeschen Olivenueleg, deen een zanter 2 Joer beim Krautgaart ka kafen. Mir konnten him dëst Joer do fir 5 Deeg bei der Rekolt vu sengen Oliven hëllefen.

Mär woaren daagsiwwer mat laange Reechen déi vibréieren an de Kroune vun den 5 m héije Beem ënnerwee. D’Fangere oder d'Zënke vum Reech rëselen un den Äscht oder geheien déi zeideg Fruucht direkt erof. Um Buedem leien Netzer, déi d'Oliven opfänken a wann der genuch gefall sinn, gi se mam Netz zesummegedroen an a Këschte geschott.
D'Olive gi mat laange Reechen mat vibréierenden Zénken vun den Äscht gerëselt a geschloen.
D'Olive fale vum Bam op Netzer, déi um Buedem ausgeluet goufen. Se ginn zesumme ma Netz zesummegeraf an a Këschte gehuewen.
No 4 Deeg hate mär esou zesummen 1,4 Tonnen Oliven gepléckt. Just 15 Minutte vum Roberto senge Beem ewech, gëtt et eng kleng Uelegpress, wou déi kleng Uelegproduzenten hieren eegenen Ueleg presse kënnen.
Blieder an Äscht ginn aus der Charge geblosen, d’Olive gi gewäsch a kleng gemeet. Si ginn ënner 25 Grad Celsius - wat wichteg fir den Erhalt vun den Inhaltsstoffer ass - gepresst an de Jus kënnt an eng Zentrifug, wou den Ueleg vum Waasser getrennt gëtt. An ca. 1 Stonn gouf aus den Oliven den Ueleg gepresst.
Dëst Joer läit de Rendement bei am Durchschnëtt bei 14% Uëlegundeel, sou datt knapp 200 kg Ueleg aus dësen Olive gepresst gouf.
Eng lokal Uelegpress mecht aus den Oliven en héichwäertegen biologeschr produzéierten Ueleg.
Zesumme mat sengen Elteren këmmert de Robert sech ëm hir kleng Pensioun (https://www.poggioartilla.it) mat verschiddene Gäschthaiser, dorënner eng mongolesch Jurt, mee seng Leidenschaft läit an der Landwirtschaft an an der Ekologie. Sou huet hie seng nei Olivebeem am sougenannten Keyline-Muster geplanzt fir d'Reewaasser beschtméiglech an der Landschaft ze verdeelen. Op deem Wee hofft hee länger Drëscheperioden - déi mëttlerweil suguer déi méi drëschentolerant Olivebeem ploen - besser ze iwwerbrécken.
Säit dem Samsden, dem 7. November si mer zréck, mat schéinen Erënnerungen an enger gudder Erfahrung an enger anerer landwirtschaftlescher Aktivitéit - an natiirlech mat engem Auto voll mat Kanisteren vu frësch gepresstem Olivenueleg, deen duerch säin intensive Gout a senge ville positiven Inhaltsstoffer opallefall ze probéieren ass: De frëschen Olivenueleg gëtt et op eisen 2 leschte Verdeelungen fir des Saison, de 14. & 21. November, wéi gewinnt am 3 L Kanister.


































Comments