top of page
DSCF4606.jpg

De Krautgaart Blog

Hei fënns du Rezepter, Tipps an Artikelen ronderem de Gaart an d'Geméis.

Writer's pictureRita Rommerskirchen

Moschter vum Biohaff Miller-Mariany

Vum Miller op den Dësch - mir stellen eis d'Produzenten hannert de gudde Produiten an eisem Krautgaart-Buttek vir.


Viru 5 Joer war d'Elisabeth Miller-Mariany - haaptberuflech mobil Infirmière am Beräich Palliativ-Fleeg - op der Sich no engem regionalen gudden Bio-Moschter am Supermarché enttäuscht keen ze fannen, deen sengen ethesche Wäerter entsrpach huet a säi Mann Frank - Bio Bauer vu Beruf - iwwerzeecht huet: dat kënnen a musse mir selwer besser maachen!


No enger Réi Exkursiounen zu verschiddene Moschter Produzenten, déi - wéi d'Elisabeth elo - nach mat enger Steen-Millen schaffen, an déi d'Famill Miller-Mariany bis a Südtirol verschloen hunn, hu si sech dann un d'Aarbecht gemeet. Den alen Melkstand huet de Frank an eng Moschterei ëmgebaut, inklusive der immens impressionanter Millen. Och d'Elisabeth huet sech direkt agelies an all méiglech Rezepter a Fassongen fir d'Hierstellung vu Moschter an et och direkt selwer probéiert.


Dobäi huet et natierlech net déi eischte Kéier geklappt, mee d'Elisbath huet sech nieft senger Aarbecht, der Hëllef um Haff an der Famill trotzdem nach Zäit geholl, fir seng ganz eegen Rezepter ze fannen. An déi kënnt dir aus eisem Buttek: Kichen (mëll), Kraider a Schaarf. Mir si begeeschter vum Goût vum Moschter, wéi och vun der Tatsaach, dass nëmmen natierlech Ingredienten Deel vu sengem Moschter sinn: flëssegt Salz, Waasser, Esseg oder Verjus, Kraider a giel, brong a schwaarz Moschter Kären. Senfmehl, Zocker, Séissstoff oder Farwstoff hunn a sengem gudde Moschter absolut näischt verluer! Hiem ass et immens wichteg, e gesonde Bio Produit hierzestellen - ouni Zocker oder aner Séissungsmëttel an och de ganze Kär mat allen wichtegen Inhaltsstoffer kënnen ze verschaffen.


Déi giel Kären fir de Moschter kommen aus Lëtzebuerg, dei d'Famill och op hirem Haff selwer ubaut. De schwaarzen a brongen Kär fir de Moschter ass aus klimatesche Grënn schwiereg hei unzebauen, sou datt d'Elisabeth mat engem Bio-Produzent aus dem Auetal an Däitschland zesumme schafft.


Mir selwer haten schonn d'Chance, d'Elisabeth a senger Moschterei ze besichen a waren impressionéiert vun der Steen-Millen, der Gasmask (déi e beim Muelen vu Senf brauch, fir sech virun den brennenden Dämpfen ze schützen) an den 30kg-Fässer, an deenen de Moschter 8 Woche laang lagert. Nach méi impressioniert ware mir vum Elisabeth a senger immens positiv a frëndlecher Art a Weis a senger Aarbechtsmoral. Mir si frou, dat him 2019 de Moschter net geschmaacht huet :)


Um Bio Haff Miller-Marianny liewen nieft der Famill an den puer Tonnen Moschter am Joer och 4000 Hénger, wéi och Limousin Ranner a si produzéieren Wees, Spelz a Geescht. Weider Infoen fannt dir op hirem Site oder op Facebook.


Bei eis am Buttek kënnt dir de Moschter sowuel am 200g Glas kaafen, wéi och 'en vrac': dir bréngt e Glas mat a mir fëllen et iech op. Net nëmmen kritt dir da sou vill Moschter, wéi der grad braucht - d'Emwëlt gëtt duerch manner Verpackung och entlaascht.

コメント


bottom of page