top of page
DSCF4606.jpg

De Krautgaart Blog

Hei fënns du Rezepter, Tipps an Artikelen ronderem de Gaart an d'Geméis.

  • Writer's pictureRita Rommerskirchen

Krautgaart op der 4. Marktgarten & Mikrofarming Konferenz | Schloss Tempelhof


Foto: Kolibri Netzwerk

De Weekend vum 27.08. - 29.08. sinn de Max, de Claude an d'Rita fir déi 4. Marktgarten & Mikrofarming Konferenz op de Schloss Tempelhof bei Kreßberg gefuer - fir sech mat anere Geméisgäertner auszetauschen an a verschiddene Workshops a Konferenzen hiert Wëssen auszebauen.

Fir déi éischte Kéier gouf dëst Konferenz op engem bestoende Betrib gehalen: dem Schloss Tempelhof. Mat hirem Marktgarten versuergt d'Team vum Schloss Tempelhof net just déi 120 Awunner vum Duerf (Gemeinschaft Tempelhof), mee och no dem Prinzip der Solawi eng gutt 40 Memberen a 3 Restaurants. Dëst 4. Marktgarten & Mikrofarming Konferenz huet sech ënner anerem mam Virtrag vum M.sc. Stephan Junge (Universität Witzenhausen) dem Thema „Werkzeugkasten für einen regenerativen Gemüsebau“ a virun allem engem gesonden a nährstoffräichem Buedem duerch Gründüngung gewidmet, wéi och dem "Lean Farming" vum Ben Hartman, de Samschdes vir e Virtrag aus Indiana, USA zougeschalt war.


Konferenz Ben Hartman / Foto: Kolibri Netzwerk

Beim Lean Farming oder Lean Management ("schlankes Management") geet et dorëms, d'Produktioun sou effizient wéi méiglech ze gestalten a doduerch Zäitopwand, Plaz a Dreck ze verréngeren a domat de Wäert vu senger Produktioun ze steigeren. Ob dat elo z.B. déi Aart a Weis ass, wéi een säi Geschier stockéiert, wéi eng Weeër een am Gaart muss goen oder och wéi vill Plaz een eigentlech fir wéi vill Geméis brauch.

A verschiddenen Workshops huet sech de Grupp vu ronn 50 Léit iwwer de ganze Weekend zesumme fonnt, fir iwwer Iddien aus deene zwee Virträg nozedenken an ze kucken, wéi een déi kéint ëmsetzen. Virun allem huet de Grupp de gesamte Weekend genotzt, fir sech iwwer den Alldag an hire Betriber auszetauschen a Inspiratiounen ze sammelen, wéi verschidden Saachen - Ubau, Buedemgesondheet, Effizienz, Marketing, solidarescher Bäitrag - kenne weider entwéckelt ginn. A wat fir Weeër kennen a missen ageschloe ginn, fir d'regenerativ Landwirtschaft nach weider auszebauen. Dëst ganz praktesch am Gaart vum Schloss Tempelhof kenne ze maachen, war eng wäertvoll Erfarung.

Foto: Kolibri Netzwerk

Mir sinn immens frou, dat mir de Weekend op dem Tempelhof konnte materliewen. Mir hunn vill Inspiratioun mat heem an de Krautgaart geholl, vu der mir sécher sinn, dat dir am Enn genau sou wäert profitéieren, wéi eise Gaart.

V.l.n.r.: Yves Diederich (Vum Gréis), Max, Rita, Claude, Annick Putz (Landwirtschaftsberaterin Oekozenter), Jeff Weydert (Fromburger Haff)




bottom of page