top of page
DSCF4606.jpg

De Krautgaart Blog

Hei fënns du Rezepter, Tipps an Artikelen ronderem de Gaart an d'Geméis.

Krautgaart Ubaumethoden

  • jmparries
  • Jul 9, 2019
  • 1 min read

Updated: Nov 15, 2021


Mir sinn iwwerzeegt, dass schmackhaft an gesond Geméis just aus engem ekologeschen Ubau kann ervir goen. Ekologeschen Geméisbau ass also och Gemschacksaach. Mir striewen e méiglechst natierlechen Ubau un an inspiréieren eis dobäi un Methoden vum Charles Dowding, Richard Perkins, Eliot Coleman, Jenny Hall an Ian Tollhurst, Ruth Stout asw. Et geet ëmmer drëm de Buedem als wäertvoll Kapital ze schätzen an ze fleegen. E gesonden Buedem ass d'Viraussetzung fir staark Planzen a schmackhaft Geméis mat engem gudden Nährwert. Vir de Buedem ze fërderen setzen mir ënner anerem op reduzéiert bis null Buedembeaarbechtung. Den Ubau ouni Buedembeaarbechtung gëtt am engleschen och als 'no dig' bezeechent an gëtt ënner anerem vum Charles Dowding a vum Richard Perkins mat Erfolleg ëmgesat.


Weider Prinzipien no deene mir schaffen:

  • Mir verzichten ganz op Pestiziden an chemesch-synthetesch Düngemëttel.

  • Mir benotzen just biologescht an somefest Geseems.

  • Mir fërderen d'Strukturvillfalt, an domat den Liewensraum fir Gedéiesch an eisen Gäert.


Dës Villfalt hëlleft eis Schädlingen an Schach ze halen.


Villfalt am Krautgaart

Comments


"Eis Passioun ass et, déi lokal Gemeinschaft mat beschtem Geméis ze versuergen a virbildlech aner Initiativen zum Keimen ze inspiréieren."

Du bass interesséiert u solidarescher Landwirtschaft, lokalem Geméis, a nohaltegem Geméisbau? Iwwert eisen Newsletter bleifs du um Courant!

Mir freeën eis iwwer deng Aschreiwung beim Krautgaart Newsletter!

  • Instagram
  • Facebook

©2025 by Krautgaart
Impressum

bottom of page