top of page
DSCF4606.jpg

De Krautgaart Blog

Hei fënns du Rezepter, Tipps an Artikelen ronderem de Gaart an d'Geméis.

  • jmparries

Demeter Eeër vum Meyers Haff (Wandhaff)

Mir besichen eis Produzenten - Demeter Betrib Meyers Haff


Eist Zil ass et, de Service un eis Membere kontinuéierlech ze verbesseren. Een Aspekt dovun ass de Geméiskuerf mat Produiten ze ergänzen di mir net selwer ubidden. D'Kollaboratioun mat ausgewielten Produzenten aus der Regioun ass do de Schlëssel.


Beim Guy dréint sech alles ëm d'Wuel vum Déier. Nëmmen esou kann en Ee vun beschter Qualitéit entstoen.

  • de Meyers Haff schafft no den usprochsvollen Demeter Richtlinnen.

  • d'Konstruktioun vum Héngerstall ass un der Natur inspiréiert an eenzegaarteg zu Lëtzebuerg. ("bamartegt Hengerhaus")

  • de Wantergaart, also d'Plaz di d'Hénger hunn fir am Stall ze zirkuléieren ass mat 50% vun der Stallfläsch, iwwerduerchschnëttlech grouss.

  • de groussen Auslaf (d'Wiss) ass an dräi gedeelt, esou dass d'Hénger ëmmer frësch Weed hunn. Dëst dréit wesentlech zu der Gesondheet vun den Déiere bäi.

  • De Guy produzéiert méi wi 40% vu sengem Héngerfudder selwer, an setzt dobäi op buedemschounend Praktiken.

  • D'Resultat si glécklech Hénger an Eeër vun excellenter Qualitéit aus biodynamescher Landwirtschaft.



Mäi Stall ass no Demeter Richtlinnen fir 1950 Hénger konzipéiert. Ech hunn d'Gevill dass et den Hénger nach besser geet säit ech op 1700 Hénger erofgaange sinn. Dofir halen ech an Zukunft just nach tëschent 1500 an 1700 Hénger.

Niewent de fläissegen Hénger wierkt eng ganz Ekipp ronderëm mat: De Michael, d'Nicole an de Meyers Guy um Terrain an d'Meyer Sylvie këmmert sech ëm d'Bürosaarbecht.





D'Produiten vum Meyers Haff fannt der och nach am Naturata um Wandhaff. Niewend den Eeër sinn dës och Zoppenhénger a Randfleesch.


Mir frëeen eis mam Guy a senger Ekipp kënnen zesummenzeschaffen!

bottom of page