
De Krautgaart Geméiskuerf
saisonalt Geméis ugebaut op liewegem Buedem zu Stengefort
Jongplanzen aus eegener Virzuucht
Déi nächst Jongplanzen fir an däi Geméisgaart ginn et rëm am Fréijoer 2026.

Bio Gourmet-
Champignons
Shiitake & Pleurotten aus eegenem Ubau
vu Stengefort
Verkafsplazen
Réigelméisseg fannt dir eis Shiitake a Pleurotten hei:
-
Un eisem Stand op dem Stater Maart (Samschdes)
-
Butteker vun der APEMH
-
Pretemer Haff (Reckange/Mess)
-
Épicerie A Schulesch

News, Rezepter & Geméiskierf am Iwwerbléck
Fir de gesamte Blog, klick hei.
En innovative Geméisbaubetrib säit 2015
De Krautgaart ass e solidareschen Geméisbaubetrib vu Stengefort. Dohannert steet eng divers Ekipp, déi zesummen eng grouss Villfalt u saisonalem Geméis ubaut.
Iwwert de Krautgaart Geméiskuerf versuergen mir all Woch 125 Stéit mat Geméis. Eis Memberen sinn begeeschtert vun der Frëscht an dem Goût vum Geméis souwéi vun der Villfalt déi iwwert d'Joer gebueden gëtt.
Mir setzen op e konsequent nohaltegen Ubau fir Mënsch an Natur. Dobäi verzichte mir op Pestiziden a chemesch-synthetesch Düngemëttel, a zillen eis Jongplanzen selwer. Gläichzäiteg bedreiwe mir en Ubau, bei dem de Buedem net gestéiert gëtt an seng Fauna sech voll entwéckelen kann. Als Resultat kënne mir eise Memberen eng eenzegaarteg Geméisqualitéit liwweren.

Ekosozialer Impakt

Als regenerative, landwirtschaftlesche Betrib, produzéiere mir méi wéi just Liewensmëttel. Mir erhalen a stärke natierlech Kreesleef mam Zil, e Stéck Land deene nächste Generatiounen an engem besseren ekologeschen Zoustand ze hannerloossen, wéi mer et virfonnt hunn. Mir wëllen och den Zesummenhalt an der Gesellschaft op lokalem Niveau stärken an hoffen, dat änlech Inititiativen eisem Wee kënne folgen.
Wëlls du méi iwwer eisen ekosozialen Impakt wëssen a virun allem, wéi eng Krittäre mir eis gesat hunn?








